tatta-tom.bsky.social
@tatta-tom.bsky.social
✨🎄 24. Dezember – Eng kleng Wonsch fir dech 🎄✨

Ënnert dësem Bam
ass Plaz fir Wierder,
déi een net ëmmer seet.

Fir Rou, Léift an dat Gefill,
dass een net eleng ass.

Ech wënschen dir Deeg,
déi net perfekt musse sinn,
mee echt.
Mat Mënschen a Momenter,
déi laang am Häerz bleiwen.

🕯️✨Haut an all Dag.
December 24, 2025 at 8:33 AM
✨🕯️ 21. Dezember – Déi véiert Käerz
Véier Käerzen, véier kleng Wënsch.
Luucht, Wäermt, Freed an dat, wat nach kënnt.
E klengt Mäerchen aus Flamen. 🕯️💛

#Advent #VéiertenAdvent #KlengeZauber
December 21, 2025 at 6:08 AM
✨🫧 18. Dezember – D’Stäreblos ass zeréck 🫧✨

Haut ass d’Stäreblos nach eng Kéier laanschtgeflunn. 🌈
Si huet mech gefrot:
💭 „Wat bréngt dech haut zum Schmunzelen?“

Villäicht ass et eng Erënnerung, e Lidd, e Gedanken oder einfach e Gefill.

Wann s du Loscht hues, deel et mat mir an de Kommentaren. 💬✨
December 18, 2025 at 6:00 AM
✨ 15. Dezember – Haut eng Faarf
Haut ass et Turquoise. 💙
A wéi eng Faarf wéilts du haut eraklammen?

#TattaTom
December 15, 2025 at 7:00 AM
✨ 12. Dezember – D’Faarwe vum Dezember
De Dezember ass net wäiss.
Hien ass voller Faarwen. 🌈✨

#TattaTom #Advent
December 12, 2025 at 7:35 AM
✨ 9. Dezember – D’Stäreblos
Haut ass eng kleng Seefeblos duerch d’Loft gedanzt, blénkeg ewéi e Stär. 🌈✨
Si ass viru mir stoe bliwwen an huet gepëspert:
„E bëssen Zauber fir däin Dag.”
Villäicht begéins du haut och enger Stäreblos, déi dech u kleng Dezemberwonner erënnert. ✨
#TattaTom #Stäreblos
December 9, 2025 at 6:39 AM
🎁✨6. Dezember – Den hellegen Niklos op Besuch!
Haut stoung de Kleesche viru menger Dier, mat Staf a schwéierem Sak voller Geschichten. Ech hunn him eng Geschicht virgelies an duerno huet hien mir e klenge Kaddo ginn fir dech. En Ausmolbild dat s du faarweg mole kanns.🌈 E schéinen Niklosdag.🎄
December 6, 2025 at 6:20 AM
💖✨ 5. Dezember – 3 Gewënnerinnen!
Ech hu vill Fotoe vun äre schéinste Bullen a Beemercher krut.🎄💙
Vun deene Biller, déi ëffentlech gepost goufen, hunn ech 3 Gewënner erausgesicht.
🎁Dir gesitt se hei op der Foto.
Merci u jiddereen, deen e Bild geschéckt huet – dir hutt mäin Advent méi hell gemaach.💫✨
December 5, 2025 at 6:51 AM
🎄✨ 2. Dezember – Glitzer-Gewinnspill!
Ech hunn 3 Tatta-Tom-Chrëschtbeemchebullen gemaach.💖✨
A vun haut u kanns du eng gewannen!
👉 Post eng Foto vun denger schéinster Bull oder vun dengem Beemchen.
Den 5. Dezember ginn déi 3 Gewënner:inne gewielt a gewisen.🎁🌟
Ech freeë mech op äre Feierdagszauber.💙🌈
December 2, 2025 at 5:54 AM
🎄✨ Et geet lass!
Vun muer u maachen den @tom-hecker.bsky.social , d’@seraphine-mirage.bsky.social an ech e gemeinsamen Adventskalenner.
All Dag: e bëssen Zauber, Glitzer, Léift oder Humor, ofwiesselnd, am eegene Stil.
Folleg gären och deenen aner zwee, fir näischt ze verpassen. 🌈💖
#Adventsmagie
November 30, 2025 at 8:13 AM
Gëschter op de Walfer Bicherdeeg hunn ech mat iech gelaacht, geléiert a vill Zauber gedeelt. 📚✨D’Liesung an den Atelier hu mech drun erënnert, wéi vill Häerz an esou Momenter stécht. Merci RTL fir d’Foto © RTL an e grousse Merci un den @Tom fir d’Virbereedung an d’Ënnerstëtzung Hanner de Kulissen.
November 17, 2025 at 8:54 AM
💖✨ Ech pake meng Wallis fir d’Walfer Bicherdeeg… mat Geschichten, Fantasie an engem klenge Stéck Zauber am Gepäck.

De Sonnde gesi mir eis fir d'Liesung an de Button-Atelier am Centre Prince Henri.
Villäicht fënns du och e bësse Magie fir däin Alldag. 🌈✨

#TattaTom #WalferBicherdeeg #GlitzerfirdSeel
November 15, 2025 at 3:35 PM
📚✨ D’Walfer Bicherdeeg kommen an ech si prett fir Glitzer, Geschichten a vill Kreativitéit! 💖🌈

🎤 Sonnden, 16. November
📖 11:30 – Liesung (dobaussen)
🎨 12:30 – 14:30 Button-Atelier am Books for Kids (Sall 1)

📍 Centre Prince Henri – Walfer Bicherdeeg
👉 www.bicherdeeg.lu

#WalferBicherdeeg #Glitzer
Accueil | Walfer Bicherdeeg
Save the date: Lecture avec Sebastian Fitzek le 14/11. Réservez vos places ici. Bienvenue aux Walfer Bicherdeeg, le plus grand Salon du livre du Luxembourg ! Entre marchés de livres, lectures,…
www.bicherdeeg.lu
November 12, 2025 at 7:02 AM
💖✨ Heiansdo brauch et keng grouss Zauberspréch oder Glitzerstuerm.
Heiansdo sinn et déi kleng Momenter, déi d’Häerz wiermen, eng Taass Téi, e Laachen, e Lidd aus der Kandheet. 🌈☕

#TattaTom #GlitzerfirdSeel #MagieAmAlldag
October 16, 2025 at 5:35 AM
💖✨ Den Internationalen Dag vum Coming Out erënnert mech drun, wéi schéin et ass, einfach ze sinn, ouni Mask, ouni Angscht, ouni sech ze verstoppen. 🌈

Dat richtegt Glënneren kënnt ëmmer vu banne. 💫

#TattaTom #ComingOutDay #Diversitéit #GlitzerfirdSeel #Courage
October 11, 2025 at 10:00 AM
💖✨ Och d’Häerz brauch heiansdo e bësse Glitzer, fir ze heelen. Den Internationalen Dag vun der mentaler Gesondheet erënnert drun, wéi wichteg et ass, op seng eege Séil opzepassen. 🌈

Net vergiessen: du bass net eleng. ☕💫

#TattaTom #MentalHealthAwareness #GlitzerfirdSeel
October 10, 2025 at 8:35 AM
🌈✨ Et war ewéi e Märchen, esou vill Léift, esou vill Faarwen, esou vill Mënschen déi zesumme gefeiert hunn.
Ech sinn nach ëmmer e bësse vun de Gefiller iwwerwältegt, mee och dankbar. 💖
Och a Geschichtsbicher soll Plaz fir Glitzer sinn. 👑✨

#TattaTom #Diversitéit #BréckeBauen #Glitzer #Trounwiessel
October 7, 2025 at 5:42 AM
👑🇱🇺 Haut schreift Lëtzebuerg Geschicht: den Troun wiesselt.
Ech kucken d’Zeremonie – a bitzen un de klenge Klimmbimm fir mäi Kostüm. 🧵✨
Klenge Fuedem, grousse Glanz. 🌈
October 3, 2025 at 8:43 AM
🌟 Erënnerung un meng Liesung op der LiteraTour zu Beetebuerg:
📖✨ Kanner mat grousse Aen, Erwuessener déi sech op d’Geschicht agelooss hunn – eng Welt wou jidderee seng Plaz huet. 🌈💖

👉 Wat ass déi läscht Geschicht, déi dir am Häerz bliwwen ass?
📸 © Marc Lazzarini
September 30, 2025 at 5:47 AM
📖✨ Am Mäerz war ech an der Ackerbauschoul a konnt mat Jugendlechen iwwert LGBTIQ+ schwätzen. Net ëmmer derselwechter Meenung, mee ëmmer respektvoll. 🌈💖 Esou geet Zesummeliewen!
👉 Wat ass deng léifste Kandheetsgeschicht?
September 27, 2025 at 7:30 AM
🌟 Ech sinn och nees op Facebook & Instagram mat menger Fanpage!
👉 Falls du nach net dobäi bass: Komm laanscht a folleg mir fir nach méi Glitzer & Geschichten ✨
D‘Séraphine ass och need do!
September 26, 2025 at 9:30 AM
🌟 Mäi Kostüm ass scho fäerdeg, mee et feelt nach Klimmbimm! 👉 Wat soll ech dru bitzen?
🍬 Tut Kamellen, 🍭 Kamell, ☁️ Wollek, 🧸 Petzi oder 🐻 Gummibärchen?

Deng Meenung zielt! Schreif e Kommentar 💬💖
September 24, 2025 at 6:16 AM
✨ Villes ass geschitt mee d’Magie war an ass ëmmer do! 🌈

🌟 Ech sinn nees op Facebook an Instagram, mat engem Laachen 😄, engem Häerz voller Freed ❤️ a mat villen Iwwerraschungen am Gepäck. 🎁🧳

📖 Loosst eis zesummen nei Kapitelen opschloen an erëm Glitzer ✨ an eisen Alldag zauberen! 🧚♀️💫
September 15, 2025 at 5:30 AM
Reposted
Mais quel bel article! Merci! 🥰❤️🧡💛💚💙💜
Tatta Tom couronnée d’un prix : «Elle est plus que jamais nécessaire»
Engagé depuis plus de 20 ans dans la défense des droits des personnes LGBTQI+, Tom Hecker voit auj...
lequotidien.lu
April 9, 2025 at 6:03 AM
Reposted
Félicitations à @tatta-tom.bsky.social pour l’obtention du premier Prix eschois d’encouragement à l’égalité des genres!
@tom-hecker.bsky.social
April 4, 2025 at 8:40 PM